Actualité

Superdreckskëschtlabel

​Viru kurzem krut d'Gemeng Tandel de Label vun der Superdreckskëscht iwwerrescht. Als Klimapakt-Gemeng ass et och wichteg, fir sech fir eng ekologesch Offallgestioun anzesetzen.

Fir dëst ze realiséiere muss e schonn am klengen Alter domat ufänken, dofir hunn eis Kanner aus der Schoul gaanz aktiv an interesséiert matgeschafft wou den SDK on Tour bei hinnen an der Schoul war. Mee dat aleng geet net duer, och d'Léierpersonnal léiert si op de richtege Wee ze kommen. Mee net nemmen do den Offall getrennt, eis Gemengenarbeschter hunn och e Centre de tri an hirem Atelier fir den Dréck duerno richteg ze entsuergen.

Eis Gemeng krut am gaanze 6 Labelen:

  • Schoulcampus "Um Brill"
  • Maison Relais
  • Crèche
  • Service technique
  • Gemengenhaus zu Baastenduerf
  • Festsall zu Furen